
De CGDIS mellt en Accident mat engem Auto op der A13, Direktioun Péiteng, tëscht den Tunnelle Fréiseng an Helleng, dat um kuerz virun 12 Auer e Mëttwoch de Mëtteg. Eng Persoun gouf blesséiert, op der Plaz waren Secouriste vu Beetebuerg an Diddeleng.
Op der Polvermillen gouf et kuerz no 12 Auer eng Kollisioun tëscht zwee Autoen, och hei gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren d'CGDIS-Ekippen aus der Stad.