CGDISZwee Bränn an der Nuecht op e Mëttwoch

RTL Lëtzebuerg
An engem Appartement zu Rëmeleng an an enger Scheier zu Uewerwampech huet et an der Nuecht op e Mëttwoch gebrannt. A béide Fäll gouf kee Mënsch blesséiert.
© Domingos Oliveira / RTL

Géint 20.30 Auer en Dënschdeg den Owend war e Feier an engem Appartement zu Rëmeleng an der Groussstrooss ausgebrach. Déi lokal Pompjeeë goufen do vun hire Kolleege vu Keel, Esch an Diddeleng ënnerstëtzt.

Zu Uewerwampech stoung dann an der Nuecht op e Mëttwoch Am Bierig géint kuerz viru 4 Auer eng Scheier a Flamen. Hei waren d’Pompjeeë vu Wëntger, Wolz, Klierf a vu Kiischpelt gefuerdert.

Back to Top
CIM LOGO