CGDISZwee Bränn an dräi Accidenter - 2 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg (17 Auer) huet zu Fréiseng an der Strooss "Klees Bongert" en Auto an enger Garage gebrannt. Zu Angelduerf hat 1 Stonn drop eng Poubelle gebrannt.
© Steve Muller

A béide Fäll blouf et beim Materialschued.

1 Blesséierte gouf et géint 19.20 Auer um CR360 Méchelbuch Richtung Mäerzeg, wéi e Motocyclist mat senger Maschinn gefall ass.

E weidere Blesséierte gouf et géint 21.30 Auer zu Diddeleng an der rue Mme Mayrisch de St Hubert. Hei war en Auto an e Bam gerannt.

An de fréie Moiesstonnen um Méindeg ass an der Stroossbuerger Strooss an der Stad an Automobilist mat sengem Gefier an eng Mauer gerannt. Wéi de CGDIS mellt, gouf kee blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO