
En Dënschdeg am spéide Moien ass enger Policepatrull am Raum Lëntgen e verdächtegen Auto opgefall. D'Beamten hunn déi zwou Persounen, déi am Won souzen, suivéiert a konnte beobachten, wéi se a verschidden Appartementshaiser gaange sinn.
Nodeems d'Beamten d'Appartementshaiser iwwerpréift hunn, goufen Abréch an zwou Wunnengen zu Lëntgen festgestallt. Aner Beamte konnten déi Verdächteg beobachten, wéi se versicht hunn, och nach zu Bäreldeng anzebriechen.
Déi Zwee konnten doropshin op frëscher Dot gepëtzt ginn. De Parquet gouf informéiert, wouropshin déi zwou Persoune verhaft goufen.
Eng Enquête iwwert déi festgestallten Abréch ass amgaangen. Ausserdeem gëtt iwwerpréift, ob déi zwee nach fir aner Abréch responsabel sinn. Et gëllt d'Presomption d'innocence.