PoliceZwee Chauffere kruten hir Permise wéinst Alkohol um Steier ofgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matgedeelt huet, koum et op eise Stroossen zu zwee Virfäll, allkéiers war Alkohol am Spill.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Wéi de CGDIS scho méi fréi gemellt hat, koum et e Mëttwoch den Owend géint 19.30 Auer zu engem Accident tëscht zwee Autoen op der N10 tëscht Briedemes an der Hëttermillen. Bei enger Automobilistin ass den Alkoholtest positiv verlaf an dowéinst krut si hire Permis ofgeholl. Um Auto ass en Totalschued entstanen, dräi Persoune koume fir eng Kontroll an d’Spidol.

Kuerz viru 4 Auer ass eng Policepatrull op en Automobilist an der Rue St. Zithe an der Stad opmierksam ginn. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass hien ze déif an d’Glas gekuckt hat. Bei spéideren Amtshandlungen ass de Mann dunn och nach ausgeflippt an huet ugefaangen, sech op oppener Strooss de Batti ze stellen. Well hien eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum hien an d’Ausniichterungszell. De Virfall gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO