CGDIS10 Blesséierter bei 8 Accidenter zanter e Mëttwoch den Owend

RTL Lëtzebuerg
Am Lokalen huet de CGDIS eng ganz Partie Tëschefäll gemellt. Am Ganze goufe bannent zwou Stonnen direkt dräi Leit ugestouss a verwonnt.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Dat an der Stad an der Lonkecher Strooss, beim Square Robert Brasseur an um Kierchbierg um Boulevard Konrad Adenauer.

Zu Bartreng an der Lëtzebuerger Strooss war et eppes no 18 Auer e Cyclist.

Tëscht der Rossmillen an Hengescht si géint 17.20 Auer e Mëttwoch den Owend zwee Autoen net laanschtenee komm, grad esou géint 18.50 Auer tëscht Miersch an dem Rouscht. An direkt dräi Blesséierter gouf et bei engem Accident tëscht zwee Autoen géint 19.30 Auer tëscht Stadbriedemes an der Hëttermillen.

Wéi de CGDIS nach mellt, gouf kuerz viru 6 Auer en Donneschdeg de Moien nach eng weider, véiert Persoun ugestouss a verwonnt. Déi Kéier zu Esch an der Rue d’Audun.

Géint 9.10 Auer ass dann nach en Auto am Gruef gelant. Dat um CR186 tëscht Kockelscheier a Beetebuerg. Et ass awer kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO