Stad LëtzebuergZwee Déif goufen an engem Akafszenter an der Grand-Rue gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Géint 16 Auer e Freideg goufen déi zwee Täter am Akafszenter gemellt, d'Police konnt d'Persounen nach op der Plaz festhuelen.
© RTL Archiv

Dobäi huet et sech ëm déi selwecht Persoune gehandelt, déi eréischt e puer Stonne virdrun am selwechte Buttek beim Klauen erwëscht goufen. Op Uerder vum Parquet koume béid Männer am Kader vun der zweeter Dot an no enger Visitt beim Dokter an de Centre pénitentiaire um Uerschterhaff.

Déi zwou Persoune koumen e Samschdeg de Mueren virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO