
Op Neijoerschdag 2024 verschwanne ronn zwee Drëttel vun de sougenannte phyto-pharmazeutesche Produiten, also Insektiziden, Fungiziden an Onkrautvernichter - aus der Vente hei am Land.
Dat geet aus enger neier Reglementatioun ervir, déi de Landwirtschaftsministère e Freideg de Moie matgedeelt huet.
Den nationalen Aktiounsplang an där Matière viséiert jo eng Reduktioun vun Herbiziden ëm 50 Prozent bis 2030. De Schutz vum Grondwaasser steet am Fokus.
Zougelooss si vum 1. Januar d’nächst Joer u just nach Substanzen, déi vun der EU-Kommissioun als schwaache Risk fir d’Gesondheet vu Mënsch an Déier agestuuft sinn.