Nodeems den Ëmweltministère géint d'Hae warZwee enorm Beem zu Dikrech goufen ewechgeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Affär an der Spidolsstrooss zu Dikrech geet virun. Fir d'éischt de Stopp vun der Senioreresidence, elo dann "schützenswäert" Beem, déi gehae ginn.

Um Terrain vum fréiere Pensionat sollte jo eigentlech direkt zwee nei Projete realiséiert ginn. D’Gebai an deem d’Pensionat war, gëtt zu enger Maison Relais ëmgebaut. Direkt donieft sollt eng Senioreresidence entstoen. De Projet vun der Senioreresidence ass an d’Waasser gefall, nodeems d’Geriicht decidéiert huet, dass dëse private Projet näischt op engem BEP-Terrain ze sichen huet. D’Affär war jo viru Geriicht komm, well en Noper Plainte géint de Projet agereecht huet.De Chantier vun der Maison Relais leeft monter weider. Awer och hei net ouni déi eng oder aner Kritik aus der Noperschaft. Vill Opreegung gouf et wéinst e puer Beem, déi um Bord vum Pensionatsterrain stinn. Zemools en alen Sequoia, e sougenannte Mammutbam, eng Zeder an zwou Buche wollten d’Noperen net opginn, well dës einfach schonn Joerzéngten do stinn. De Mammutbam soll ronn 104 Joer al sinn, dat hunn e puer Leit aus der Noperschaft erzielt.

Enn Februar 2020 krut de Promoteur d’Autorisatioun fir verschidde Gréngs am Kader vun den Aarbechten ewech ze maachen. Hei goufen dann och Kompensatiounsoplage vum Ëmweltministère festgeluecht. An dëser Autorisatioun steet ganz kloer dran, dass déi 4 Beem dorënner eben de Sequoia an d’Zeder net dierfen ëmgehae ginn. Wuertwiertlech ass am Dokument ze liesen, dass besonnesch déi 4 remarkabel Beem laanscht der Strooss wärend dem ganze Chantier duerch eng Clôture musse protegéiert ginn, fir ze verhënneren, dass dës wärend den Aarbechten beschiedegt ginn. Et ass also erauszeliesen, dass déi concernéiert Beem schützenswäert sinn.

D’Decisioun vum Ëmweltministère gouf um Chantier awer net ëmmer respektéiert, erzielen e puer Leit aus der Noperschaft. Scho virun e puer Méint hätten e Aarbechter sech um Mammutbam vergraff. D’Nopere weisen eis Fotoen, wou de Bamstamm ugeschnidde gouf an dat trotz den Oplagen vum Ëmweltministère. Dobäi gouf den Bamstamm just vun hannen beschiedegt, sou dass een et vun der Strooss aus quasi net konnt gesinn. D’Noperschaft huet sech ëmmer rëm gewiert.

Elo Mëtt Januar, knapp eng Woch nodeems de Projet vun der Seniorenresidence endgülteg vum Dësch war, kënnt déi iwwerraschend Wendung vum Ëmweltministère. D’Beem déi bis ewell schützenswäert a remarkabel waren, dierfen elo fort. "[...] la realisatioun du chemin d’accès nécessite l’abbatage du sequoia géant et du cèdre bleu [...]”, sou d’Erklärung am Autorisatiounsschreiwes vum Ëmweltministère. Dat heescht näischt aneres, wéi dass d’Beem elo fort mussen, fir dass d’Aarbechter eng nei Chantiersentrée kréien.

Um Freideg 28. Januar 2022 hunn de Sequoia an d’Zeder dunn missen dru gleewen.

Zu Dikrech goufe schützenswäert Beem ofgehaen.
D’Nopere waren dogéint

No e puer Schwieregkeeten ass géint 18 Auer fir d’éischt de Mammutbam gefall, kuerz dono louch dann och d’Zeder ëm. Begleet goufen d’Aarbechten an der Däischtert vun enger Partie Noperen, déi sech dat ganzt vum Trottoir aus ugekuckt hunn. D’Reaktioune waren déi selwecht. Et wier een traureg, dass e Stéck Dikrecher Geschicht verschwënnt an et wier schuet ëm déi bewonnerenswäert a schéin Beem.

D'Beem hunn de selwechten Owend nach misse falen.
Géint 18 Auer ass de Mammutbam gefall, d’Zeder louch kuerz drop ëm.

Wisou brauch de Chantier eng nei Entrée, wann schonn en Zougang existéiert an d’Aarbechte well eng Zäitchen lafen?
Och hei ginn et Explikatiounen vum Ëmweltministère, déi sech op Erklärungen vum deemolegen Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen bezeien:
- Déi zwee Projeten “Senioreresidence” an “Maison Relais” ginn op getrennte Parzelle realiséiert.
- Déi zwee Projete gi vun zwee ënnerschiddleche Promoteuren realiséiert.
- Déi zwee Projeten hunn zwou Baugeneemegungen, déi onofhängeg a getrennt vun eneen existéieren.

Ma och wann de Projet vun der Senioreresidence elo net méi dierf realiséiert ginn, ass den Ëmbau vum Pensionat an eng Maison Relais e separate Projet an bräicht soumat eng separat Entrée.

Zwee verschidde Promoteuren?
Dat kann een interpretéieren, wéi ee wëll. Gewosst ass, dass de Projet vun der Maison Relais vun der MR Diekirch Sàrl realiséiert gëtt an d’Senioreresidence vun der Societéit Seniorenresidenz Diekirch Sàrl sollt gebaut ginn. Dohannert stécht awer dee selwechte Promoteur an zwar d’Immobilière Pierre Weydert. Beit Societéite goufen op déi selwecht Adress ugemellt. Och d"Gesellschaft “Immo Weydert & Welter” an d’Immobilière Pierre Weidert lafen iwwert dës Adress. Finalement lafen dës Projeten also iwwert déi selwecht Persoun.

Back to Top
CIM LOGO