
Um Terrain vum fréiere Pensionat Notre-Dame de Lourdes zu Dikrech sollt eng Senioreresidence entstoen. Betreit Wunne fir bis zu 74 Persounen iwwer 60 Joer oder Leit mat kierperlecher Beanträchtegung war de Plang.
Ma dëse Projet hat gutt ugefaangen. De Promoteur krut eng Baugeneemegung vum deemolege Buergermeeschter Claude Haagen an hat och all néideg Autorisatiounen. De Bauprojet gouf awer kritiséiert. Dat, well d’Senioreresidence an enger BEP-Zon, also an enger zone de bâtiments et d’équipements publics, sollt gebaut ginn. D’Gesetz gesäit awer vir, dass an esou Zone just Projeten entstoen dierfen, déi en ëffentlechen Notzen hunn. Ma eng privat Senioreresidence huet keen ëffentlecht Notzen. Där Meenung war eng Persoun, déi an der Géigend vum Bauterrain wunnt an ass viru Geriicht gaangen.
D’Verwaltungsgeriicht huet de Projet dann elo endgülteg gestoppt. Déi 37 Wunnenge fir Senioren a Persoune mat kierperlecher Beanträchtegung dierfen net gebaut ginn.
D’Urteel kann de Promoteur net novollzéien. Mir haten all Accorden an Autorisatiounen, domat ware mir am legale Kader, sou de Pierre Weydert vum Grupp Immo Weydert & Welter. E Groussdeel vun de Wunnenge ware scho verlount oder verkaf. Déi betraffe Persoune misst een elo all rëm rembourséieren. Dat bedeit fir de Promoteur de Verloscht vun Zäit a Geld a fir déi Betraffen, dass se hir Wunneng net kréien.
Och den neien Dikrecher Buergermeeschter Claude Thill fënnt et Schued, dass de Projet net realiséiert gëtt. Den Terrain soll elo awer net eidel bleiwen.

An Diskussioune mam Gemengerot an der LSAP-Fraktioun koum een zur Konklusioun, dass de Conservatoire du Nord eventuell gutt géing dohinner passen. E neien Terrain fir d’Senioreresidence ze fannen, wier net esou einfach. Dikrech wier einfach eng Stad, déi net vill Terrain iwwreg huet. Wann de Promoteur en anere konformen Terrain zu Dikrech géif fannen, géing der Senioreresidence awer näischt am Wee stoen, sou de Buergermeeschter Claude Thill.