Police-BulletinZwee flüchteg Brigangen no Abréch zu Rëmerschen an Tënten

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg ass e Brigang wuel iwwert eng Schibedier an e Lokal zu Rëmerschen agebrach. Zu Tënten gouf an en Eefamilljenhaus agebrach.

Géint 4.40 Auer e Freideg de Moie gouf der Police den Abroch zu Rëmerschen gemellt, nodeems e Mataarbechter den Déif am Lokal erwëscht huet. Den Onéierleche konnt allerdéngs mat engem Auto an eng onbekannt Richtung flüchten. D’Police huet eng Enquête lancéiert.

Zu Tënten gouf géint 5.20 Auer an en Eefamilljenhaus agebrach. Éischten Erkenntnisser no ass den onbekannten Täter wuel iwwert den Daach vun der Garage an d’Haus erakomm. E Bewunner vum Haus huet de Mann allerdéngs iwwerrascht, wouropshin den Täter och hei flüchte konnt. D’Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO