
Op der Izegerknupp zu Bouneweg an der Stad si 786 Logementer fir 2.000 Awunner virgesinn. Dat an den nächsten 10 Joer. Käschtepunkt: 193 Milliounen Euro.
An der Stad gouf de PAP fir de Projet Izegerknupp virun iwwer 10 Joer am Gemengerot ugeholl, am Januar 2013. Et huet zanterdeem gedauert, bis all d’Autorisatiounen do waren, huet d’Rapportrice vum Gesetzprojet Lydie Polfer erkläert. Fir eng Hieselmaus hätt och nach missen en neit Doheem gesicht ginn an archeologesch Analyse gouf et och. Plus déi verschidde Proprietären, sou d’DP-Deputéiert a Stater Buergermeeschtesch.
D’SNHBM ass bei den zwee Projeten den ëffentleche Promoteur.