Iwwerfall an der StadZwee Jugendlecher goufe vun 3 jonke Männer menacéiert

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass de Virfall an der Rue Saint-Quirin am Gronn an der Stad.
© RTL

Zwee Jugendlecher goufe vun den 3 Täter opgefuerdert, hir Wäertgéigestänn ofzeginn. Dobäi gouf engem Jong en onbekannte spatze Géigestand géint de Réck gehalen.

Ënnert anerem huet een Täter engem Affer och eng Bankkaart ofgeholl an dësen opgefuerdert, fir Geld opzehiewen. Dëst gouf awer refuséiert an d’Täter hu sech mat den Handye vun de Jongen a Richtung Gare ewechgemaach.

D’Police konnt d’Täter no der Dot net méi ermëttelen, et gouf eng Plainte säitens den Affer agereecht.

Back to Top
CIM LOGO