Policeauto a Kollisioun verwéckeltZwee Poliziste goufe bei engem Accident an der Stad liicht verwonnt

Andy Brücker
An der Stad koum et an der Nuecht op e Sonndeg zu engem Accident, an deen och e Policewon verwéckelt war.
© Laurent Weber

Kuerz virun Hallefnuecht koum et op der Kräizung vum Boulevard Dr Charles Marx mat der Escher Strooss an der Stad zu enger Kollisioun tëscht engem Policewon an engem aneren Auto. D'Beamte waren um Wee op en Asaz.
Zwee Poliziste goufe beim Accident liicht verwonnt. De Chauffer am anere Gefier blouf onverletzt.

Back to Top
CIM LOGO