
En Dënschdeg huet d’Stad Lëtzebuerg fënnef Projete virgestallt, déi fir déi zweet Phas vum Concours ronderëm de Reamenagement vum Park a Schlass Mansfeld consideréiert goufen. Vun dëse sinn der zwee zeréckbehale ginn, déi de Jury am meeschten iwwerzeegt hunn.
Am Kader vun enger Expo um Site, déi vum 6. bis de 16. Juni ofgehale gëtt, sinn d’Awunner an aner Interesséierter elo an engem nächste Schratt invitéiert, hiren Avis iwwert déi zwee Projeten “Logis Mansfeld” a “Renaissance de Mansfeld” ofzeginn. Dëse Feedback soll dann an d’Decisioun mat afléissen.
De Site Mansfeld huet säin Numm vum Grof Pierre-Ernest de Mansfeld (1517 - 1604), deen um Terrain säi Schlass mam Numm “La Fontaine” erriicht huet. Iwwer déi nächst Joerhonnerten ass d’Schlass ëmmer méi opgedeelt ginn a verfall.