Route du VinZwee Schwéierblesséierter bei Frontalkollisioun op der Héicht vu Wuermer

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie géint 10.15 Auer koum et zu engem schwéieren Accident op der N10, bei deem dräi Ween am Coup waren.
© Domingos Oliveira

Wéi d’Police RTL confirméiert, ass een Auto, dee vun Ohn a Richtung Wuermer ënnerwee war, an enger Kéier vu senger Spuer ofkomm an an de Géigeverkéier geroden. Den Auto, an deem just de Chauffer souz, ass an een anere Won gerannt, an deem zwou Persoune liicht blesséiert goufen.

Duerno ass den Auto, deen op d’Géigespuer koum, nach an een aneren Auto gerannt, an deem doduerch eng Persoun schwéier blesséiert gouf. Hien an de Chauffer vum éischte Won goufe mat schwéiere Blessuren an d’Klinik bruecht, déi aner zwee liicht Blesséierter si just fir d’Kontroll an d’Klinik ageliwwert ginn.

Ambulanzen an de Rettungshelikopter waren am Asaz. D’Streck war nom Accident bis 16.25 Auer gespaart, well d’Police technique op der Plaz war.

Back to Top
CIM LOGO