Aus dem PolicebulletinZweemol geklaut an dräimol agebrach um Sonndeg

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat op der Stater Gare mat enger Rei Leit ze dinn, déi Iesswuere geklaut haten. Donieft ass um Sonndeg zweemol an Haiser agebrach ginn.
© Laurent Weber

Zweemol geklaut

E Sonndeg ass am Quartier vun der Stater Gare zweemol a Supermarchéë geklaut ginn. Déi éischte Kéier haten zwee Männer verschidde Wuere matgoe gelooss. Vun enger Patrull konnten si awer opgegraff a gestallt ginn. Protokoll a Friemennotiz sinn erstallt ginn. Am spéiden Nomëtteg war et e weideren Déifstall an engem Buttek fir Liewensmëttel. Och dee Mann, deen z'iessen an ze drénke geklaut huet, konnt gestallt a protokolléiert ginn.

Dräimol agebrach

E Sonndeg ass an zwee Haiser agebrach ginn. Géint Mëtteg war et an der Näerzenger Strooss zu Diddeleng en Abroch an en Eefamilljenhaus. Duerch eng Kellerfënster waren d'Brigangen erakomm an hunn alles no Wäertgéigestänn duerchwullt. Geklaut ginn ass ënnert anerem Parfum.

E Sonndeg Owend spéit ass an e Méifamilljenhaus zu Schëffleng an der Rue Mathias Koener agebrach ginn. Do ass ënnert anerem eng Tëlee matgeholl ginn.

E Méindeg de Moie fréi ass dann nach en Abroch gemellt ginn am Quartier Gare an der Stad. Geklaut goufen zwee Sonnebrëller. An alle Fäll sinn Ermëttlungen opgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO