CGDISZwou Persoune bei zwee Accidenter um Mëttwoch de Moie blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Zu Beetebuerg um Krakelshaff gouf et géint 9.45 Auer en Accident mat engem Won a bal eng Stonn méi spéit waren um Waldhaff zwee Gefierer aneneegerannt.

Dann huet de CGDIS nach dräi Tëschefäll vun en Dënschdeg tëscht 17 an 18 Auer matgedeelt. An der Stad an der Rue Grünewald gouf e Cyclist vun engem Auto ugestouss a liicht verwonnt.

Bei Eschduerf um RN12 hate sech zwee Gefierer ze pake kritt, eng Persoun gouf blesséiert. An op der A13 am Tunnel Éilereng war en Auto accidentéiert, och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO