CGDISZwou Persoune blesséiert bei Accidenter, bei Bränn blouf et beim Materialschued

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt een Accident an zwee Feier e Freideg de Mëtten an an der Nuecht op e Samschdeg.
© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)

Am Tunnel Gousselerbierg a Richtung Fridhaff hat kuerz viru 17 Auer e Freideg en Auto Feier gefaangen. Heibäi gouf kee blesséiert.

Tëscht Schrondweiler a Steeën war géint 3.30 Auer e Samschdeg en Accident mat engem Auto. Eng Persoun gouf hei verwonnt.

Doriwwer eraus huet zu Péiteng eng Poubelle gebrannt. D’Pompjeeë vu Péiteng waren op der Plaz an et gouf kee blesséiert.

Um Samschdeg kuerz no 8 Auer war zu Hiefenech an der Rue Scheerbach en Auto an eng Mauer gerannt. Déi lokal Rettungsekippen an hir Kolleegen aus der Fiels hu sech ëm ee Blesséierte gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO