Stad an DikrechZwou Persoune randaléieren a kommen an Arrest

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem huet e Sonndeg am Nomëtteg eng Fra an engem Bistro an der Rue Joseph Junck op der Gare an der Stad randaléiert.

Eng Unitéit vun der Police konnt déi alkoholiséiert Fra, op déi d’Beschreiwung gepasst huet, net wäit vum Bistro untreffen. Si huet sech aggressiv géigeniwwer de Beamte verhalen a koum fir hiren eegene Schutz, no engem medezineschen Check, an Arrest.

Géint 19.45 Auer gouf eng Kläpperei tëscht 2 Persounen an der Rue du Herrenberg zu Dikrech gemellt. Béid Männer, déi heiranner involvéiert waren, konnten op der Plaz ugetraff ginn. Ee vun hinnen, deen ënnert Alkoholafloss stoung, koum wéinst sengem aggressive Verhalen an Arrest.

Back to Top
CIM LOGO