Op frëscher Dot erwëschtZwou Persoune si festgeholl ginn, nodeems si an en Auto agebrach sinn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg si géint 1.45 Auer zu Käerjeng zwee Männer opgefall.

Eng vu béide Persounen ass dunn op privaten Terrain gaangen, iwwerdeems den zweete Mann d'Ëmgéigend am Bléck gehalen huet. Kuerz dono koum och nach eng Fra dobäi.

Nodeems d'Beamten déi Verdächteg kuerz aus den Ae verluer haten, hu si gesinn, wéi ee vun de Männer an engem Auto eng Posch duerchwullt huet. D'Polizisten hunn doropshin agegraff a konnten ee Mann an d'Fra festhuelen. Den zweete Mann konnt flüchten.

D'Täter koume virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO