Eng Traditioun huet PausEsch ouni Präsens vum Haff

Fabienne Zwally
Et war eng joerzéngtelaang Traditioun. Fir de Virowend vu Nationalfeierdag huet d’ierfgroussherzoglech Koppel ëmmer déi zweetgréisste Stad am Land, Esch, besicht. Elo huet dës 40 Joer al Traditioun Paus.
Esch ouni Präsens vum Haff
Fir de Virowend vu Nationalfeierdag huet d’ierfgroussherzoglech Koppel ëmmer déi zweetgréisste Stad am Land, Esch, besicht. Dat ass elo eriwwer.

Et war Ufank vun den 80er Joren. Just nodeems den deemolegen Ierfgroussherzog Henri an d'Ierfgroussherzogin Maria Teresa sech am Februar 1981 d'Jo-Wuert ginn hunn, huet dës Traditioun ugefaangen an ass bis elo weidergefouert ginn. Den Oflaf war ëmmer dee selwechten an huet sech iwwert d'Joren net geännert. A Gedenken un déi Verstuerwen aus dem zweete Weltkrich goufen um Monument aux Morts virum Resistenzmusée Blummen néier geluecht, ier et mam Cortège d'Uelzechtstrooss erofgaangen ass an et e feierlechen Empfang op der Gemeng ginn ass, engem Defilé vun den Escher Veräiner an Associatiounen an dem Ufänken vum Feier mat de Scouten. 2001, nom Trounwiessel, war et och nach eemol de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa. Ier hire Bouf si dann eng éischte Kéier offiziell als Ierfgroussherzog am Joer 2003 an d'Minettmetropole begleet huet. Schéin Erënnerungen fir den Zeremoniëmeeschter vun der Escher Gemeng.

An hirem leschte Joer als Grand-Duc a Grande-Duchesse ass groussherzoglech Koppel d'lescht Joer nach eemol op Esch komm, fir eng leschte Kéier Äddi ze soen an dëse Krees zou ze maachen.

Eng lescht Kiischt um Kuch gouf et dunn awer dëst Joer mat der éischter Joyeuse Entrée vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie am Abrëll dëst Joer, kuerz nom Trounwiessel de leschten Oktober.

Zu Esch wäert dëst Joer awer alles beim Alen sinn, eebe just ouni Präsens vum Haff. Wéini an ob nees ee komme wäert, doriwwer wéisst een näischt. D'Kanner vun der groussherzoglecher Koppel si nach kleng.

Ma egal wéi, zu Esch ass een nees prett a genuch Übung hat een déi lescht 40 Joer.

Commentairen
Dem Datum no sortéieren
Fir Commentairen ze schreiwen, musst Dir ageloggt sinn
Back to Top
CIM LOGO