Um Beispill vu MonnerechWéi ginn d'Schoule mat der Hëtzt ëm?

Céline Eischen
Déi héich Temperature setze jidderengem zou, och de Kanner an dem Léierpersonal an de Schoulen, déi hei am Land dacks net klimatiséiert sinn.

Verschidde Gemengen hunn dann och scho fir e Méindeg de Mëtteg de Kanner schoulfräi ginn. Ma wéi geet eng Primärschoul mat enger Hëtztwell ëm? D’Céline Eischen war bis op Monnerech luussen.

Canicule an der Schoul - E Reportage vum Céline Eischen

Punkt 8 Auer e Méindeg de Moien zu Monnerech: Bei schonn an déi 20 Grad maachen d'Kanner sech an de Cours. Hei zu Monnerech huet een dann och schonn eng Rei Moossname geholl, fir d’Kanner an d’Léierpersonal esou gutt et geet vun der Hëtzt ze verschounen, esou d'Presidentin vum Schoulcomité Françoise Urhausen, déi de Schoulbetrib zu Monnerech koordinéiert.

D'Françoise Urhausen: "Dat leeft elo esou mueres of, dass am Fong an Zesummenaarbecht mat der Gemeng fréi mueres schonn hei gutt duerchgelëft gëtt. Dono ginn d'Fënsteren zougemaach, virun allem op der Südsäit vun eiser Schoul, wou mer och Storen hunn." 

Well d’Kanner dacks keen Duuscht-Gefill hätten, géif een dann och besonnesch drop oppassen, datt genuch Drénkpause gemaach ginn. D’Schüler kënnen dann och zu all Zäit hir Bidonen an de Waasser-Fontainen an de Gäng opfëllen. Och de Schoulprogramm gouf den Temperaturen ugepasst, wéi eis d’Léierin Julie Simon verréit.

D'Julie Simon: "Mir probéieren elo moies vun 8 bis 10 Auer nach e bëssen normal ze schaffen, wou et nach e bësse mat den Temperature geet an no 10 Auer kucke mer dann e bëssen den Unterrecht unzepassen, méi relax Saachen ze maachen. Mir maache ganz vill Drénkpausen. Voilà, einfach e bësse méi relax, net esou vill schaffen, fir dass d'Kanner, well et mierkt een, d'Loft ass och bei hinne raus."

Ma déi kleng wësse sech och selwer ze hëllefen, wann et drëms geet, sech bei de waarmen Temperaturen ofzekillen: E puer hate Fächeren oder och kleng Ventilatoren dobäi. 

Och d’Schoul weess: Beim waarme Summerwieder soll de Spaass net ze kuerz kommen. Hei zu Monnerech huet ee sech dofir déi eng oder aner méi flott Aktivitéit afale gelooss.

D'Françoise Urhausen: "Et soll och e bësse Spaass bei der Saach sinn. Do hu Leit alt mol Waasserbitecher opgeriicht an de Portier huet eis de Gaardeschlauch erausgeholl. Et zirkuléieren och e puer esou Waasserrevolveren do, also ech menge schonn, jo, dass mer probéieren, dat Bescht draus ze maachen, fir iwwert déi Deeg ze kommen."

Bis elo ass hei zu Monnerech nach kee Schoulfräi virgesinn. Bei Waasser-Spiller am Haff wëlle wuel och déi mannst doheem bleiwen.

Méi Informatiounen iwwer wéi eng Gemengen schoulfräi ginn hu fannt dir hei:

Back to Top
CIM LOGO