
Den Donald Trump hat Teheran mat neien Attacke gedreet well den Iran d'Hisbollah géing ënnerstëtzen. D'Verhandlungen haten e Sonndeg ugefaangen. Katar war als Vermëttler dobäi. D'lescht Woch hu béid Krichsparteie jo ee Kaderaccord ënnerschriwwe fir en Enn vum Krich am Noen Osten. Elo geet et drëms, d'Detailer ze klären. D'Gespréicher sollten eigentlech schonn e Freiden ufänken, goufen awer op Grond vun den Eskalatiounen am Libanon verluecht. D'Wafferou tëschent Israel an der pro-iranescher Hisbollah gouf an de leschten Deeg ëmmer nees gebrach.