Wéi de Corps grand-ducal d'incendie et de secours an engem Post op Facebook matdeelt, wier d'Maschinn vum Typ Antonov AN2 géint 17 Auer um Tarmac vum Findel gelant, dobäi hätt se awer aus bis ewell onbekannte Grënn eng 180°-Landung gemaach ier e stoe bliwwen ass. U Bord waren insgesamt 12 Passagéier, vun deene keng blesséiert gouf. Si konnten de Fliger aus eegener Kraaft nees verloossen. D'Maschinn huet misse vun de Findeler Pompjeeë mat engem Containerstapler vun der Pist geraumt ginn, d'Opraumaarbechten haten dem CGDIS no eng 3 Stonne gedauert.
Och lux-Airport hat eis e Sonndegowend géint 20 Auer confirméiert, datt den Tarmac nees konnt a Betrib geholl ginn. Dëse war jo temporär deelweis gespaart: Landunge ware wärend deem Zäitraum net méiglech, Decollagen zum Deel awer schonn.
De Virfall hat e massiven Impakt op de Fluchverkéier vun e Sonndegowend. Sëllege Flich hu missen annuléiert oder deviéiert ginn, dausende Passagéier ware betraff.
Vum Gilles Feith, CEO vu Luxair war et d'Informatioun, dass alles an allem 44 Flich betraff waren an iwwer 3.500 Passagéier. 10 Flich goufen ëmgeleet, 5 op Saarbrécken, 3 op Frankfurt-Hahn, 1 op Bréissel an een op Köln.
16 Flich hu mussen annuléiert ginn an alles an allem si 50 Stonne Retard zesummekomm. Et si Käschte vun iwwer 200.000 Euro entstanen, déi sech aus Hotelskäschten an Ëmbuchungen zesummesetzen. Weider ergänzt de CEO vun der Luxair, dass keng Kompensatioune vun der EU hei spillen.
Eng historesch Maschinn, d’Antonov AN2, war beim Rullen, no der Landung mat engem Flillek op der Pist opgeschloen. Säitewand hätt zum Accident gefouert, erkläert de Pilot vun der Maschinn, dee schonn zanter 15 Joer op dësem Fliger flitt. Duerch Drock op d'Rieder wier him de lénken Train mam Pneu ageknéckt. An der Suite ass de Flillek op der Pist opgeschloen.
Zum Ament vum Accident hat de Pilot och Passagéier u Bord, passéiert ass awer kengem eppes. Reegelméisseg hëlt hie Passagéier an der Maschinn mat, déi nom 2. Weltkrich gebaut gouf,.
Bis de Fliger e Sonnde konnt ofgeschleeft ginn, war en Deel vun der Landebunn vum Flughafe Findel blockéiert. Dozou dass esou Incidente kënnen dozou féieren, dass Dausende Passagéier vun Annulatiounen, Ëmleedungen a Retarde betraff waren, seet de Pilot, dass scho géing zanter 30 Joer, zanter hien ugefaangen hätt ze fléien, doriwwer geschwat ginn, dass eng eege Pist fir d’Privatfligerei soll kommen. Keng Gemeng wéilt awer eng Landepist oder Tanklager. Um Findel krit een zwar ëmmer ze héieren, d'Privatfligerrei misst fort, mee Alternative géinge keng genannt. Dobäi géingen d’Airline- an d’Cargopilote bei hinnen ausgebilt ginn.