Op d'Säit gekipptTëscht Hierber an dem Pafebierg ass e Bus an de Summerwee geroden

Andy Brücker
Accident e Méindeg de Moien um CR370 tëscht Hierber an dem Pafebierg.

Vun engem RTL Mobile Reporter krute mer eragemellt, dass tëscht Hierber an dem Pafebierg e Bus am Stroossegruef géif leien. D'Strooss huet musse fir d'Opraumaarbechte gespaart ginn. Een Depanneur huet de Bus, deen op der Säit läit geséchert. Et muss awer nach en zweete Camion kommen, fir dass de Bus nees op d'Rieder ka gestallt ginn, ouni dass dësen ze vill beschiedegt gëtt.

Éischten Informatiounen no gouf kee bei deem Accident verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO