
D’Geschicht war am Ufank, eleng schonn duerch déi sproochlech Barrière, net ganz kloer.
E Sonndeg huet eng Lëtzebuergerin vun 22 Joer matten am kroateschen Nationalpark e Kand kritt.
Wéi kroatesch Medien do gemellt haten, soll d’Fra wärend dem Trëppeltour Wéie kritt hunn a si hätt d’Kand op enger ëffentlecher Toilette op d’Welt bruecht. Rettungsekippe wieren op d’Plaz ukomm, wéi d’Fra an der leschter Phas vum Accouchement gewiescht wier. Dono gouf si zesumme mat hirem neigebuerene Meedche gebuergen.
Do hat et och geheescht, déi jonk Lëtzebuergerin hätt net gewosst, dass si an aneren Ëmstänn gewiescht wier. Spéider hunn aner Medien nach wësse gedoen, d’Fra hätt d’Spidol ouni Kand nees verlooss. Si soll no der onerwaarter Gebuert an engem Schock-Zoustand gewiescht sinn.
Dëst konnt net vu Lëtzebuerger Säit confirméiert ginn.
Lo melle kroatesch Medien allerdéngs, dass déi frëschgebake Mamm duerchaus gewosst hätt, dass si schwanger war. De Problem wier gewiescht, dass si en neie Partner un hirer Säit gehat hätt, wéi si a Kroatien gereest wier. Vum Papp vum Kand hätt si sech viru Kuerzem eréischt getrennt. Déi jonk Fra hätt, wéi et schéngt, bis dohin kengem eppes vun hirer Schwangerschaft verroden.
Egal wéi, dem klenge Meedchen géing et op alle Fall gutt goen. Et huet bei der Gebuert strammer 3.300 Gramm gewien. D’Mamm wier frou, wier awer nach an engem emotionale Schock a misst elo nach kucken, dat Néidegst zesummen ze kréien, wat ee fir en neigebuerent Kand bréicht.
Aus dem kroatesche Medie geet dann awer och nach ervir, dass déi jonk Mamm bis ewell net wéilt e Wuert zum Virfall soen.