
D'New York Times an aner Medie mellen e Méindeg, datt Paramount e Verglach mat Kalifornien an eelef weidere Bundesstaate getraff hätt. Dës hate géint d'Reprise geklot.
Detailer iwwer den Deal ware virop net bekannt. D'Bundesstaaten haten argumentéiert, datt d'Fusioun vu béide Film- an Tëleerisen zu "méi héije Präisser, manner Qualitéit a manner Contenu" féiere géing.
Eng Bundesriichterin a Kalifornien hat d'Reprise doropshin am Juli virop gestoppt. Déi zwielef vun Demokrate regéiert Bundesstaaten hu sech op e Bundesgesetz beruff, dat Fusiounen ënnerseet, wa si de Concours erhieflech verréngere kéinten. Zu de Bundesstaaten, déi geklot hunn, gehéieren nieft Kalifornien, Arizona, Colorado, Connecticut, Massachusetts, Minnesota, Nevada, New Jersey, New Mexico, New York, Oregon a Washington.
D'US-Regierung hat d'Reprise, déi och de bekannten Noriichtesender CNN ëmfaasst, am Juni ouni Oploen autoriséiert. D'Fusioun géing "viraussiichtlech net zu enger Beanträchtegung vum Concours an den amerikanesche Konsumente" féieren, esou de Justizministère.
D'Geschäft huet e Volume vu ronn 11 Milliarden Dollar. Paramount wëll déi ganz WBD-Grupp mat Tëleeschaînë kafen, dorënner och CNN. De Paramount-Chef David Ellison a säi Papp Larry Ellison vun der Softwareentreprise Oracle si Supporter vum Donald Trump. Kritiker vun der Fusioun fäerten dowéinst ëm déi redaktionell Onofhängegkeet vu CNN.
Paramount a Warner Bros. haten den Accord Enn Februar ënnerschriwwen, nodeems sech de Streamingdéngscht Netflix aus der Reprise zréckgezunn hat. Enn Abrëll hunn och d'Aktionären zougestëmmt.