Vun der Schauspillerei an den Déngscht vun der FuerschungDem Tommy Schlesser seng nei Roll beim Télévie

Philippe Dondelinger
Déi meescht kennen den Tommy Schlesser virun allem als Schauspiller. Elo iwwerhëlt de Lëtzebuerger eng Roll, bei där keen Dréibuch virgëtt, wat geschitt. Als neie Coordinateur vum Télévie wëll hien eng Solidaritéitsaktioun matgestalten, déi hien zanter Jore perséinlech begleet.
Dem Tommy Schlesser seng nei Roll beim Télévie
Vun der Schauspillerei an den Déngscht vun der Fuerschung

Fir den Tommy Schlesser ass et eigentlech keng komplett nei Welt. Schonn zanter 2013 ass hien ëmmer nees beim Télévie dobäi. Vill Leit dierften hie vum Spenden-Telefon kennen, wou hie quasi all Joer gehollef huet, Sue fir d'Fuerschung géint Kriibs a Leukemie ze sammelen. Elo wiesselt hien awer d'Säit a kritt däitlech méi Verantwortung: Als neie Coordinateur soll hien d'Aktioun duerch dat ganzt Joer begleeden an d'Evenementer mat organiséieren.

Eng Verbindung, déi iwwer Jore gewuess ass

Fir de Schauspiller ass den Télévie domat méi wéi just en neie beruffleche Projet. Seng Verbindung mat der Aktioun ass iwwer méi wéi ee Joerzéngt gewuess. Dobäi steet beim Télévie net nëmmen dee groussen Ofschloss-Dag am Mëttelpunkt. Iwwer dat ganzt Joer organiséiere Veräiner, Schoulen, Entreprisen a Privatleit Aktiounen, fir Sue fir d'Fuerschung ze sammelen. Eleng bei der leschter Editioun koumen 1.521.863 Euro zesummen. Fir den neie Coordinateur heescht dat: Benevollen, Organisateuren a Partner zesummebréngen, Manifestatioune begleeden an dofir suergen, datt dës grouss Solidaritéitsaktioun weider funktionéiert.

Vum Droit-Student zum Schauspiller

Dobäi war dem Tommy Schlesser säi beruffleche Wee ursprénglech ganz anescht geplangt. Wéi säi Papp a säi Bop sollt och hien eigentlech Jurist ginn. No zwee Joer Droit huet hien awer gemierkt, datt seng Zukunft net an där Richtung läit. D'Léift fir de Film war do schonn eng Zäit laang do. Scho mat sechs Joer stoung hie fir déi éischt Kéier virun enger Kamera. Säi Brudder Emile wollt an der grousser Vakanz e Film dréinen an aus deenen éischte Film-Versich vun deenen zwee Bridder goufe mat der Zäit ëmmer méi grouss Projeten. Schliisslech huet den Tommy Schlesser d'Schauspillerei zu sengem Beruff gemaach.

Och iwwer d'Grenzen eraus bekannt

An de leschte Jore konnt ee säi Gesiicht dofir net nëmmen a Lëtzebuerger Produktioune gesinn. Hien huet ënner anerem bei "Gute Zeiten, schlechte Zeiten", "Rosamunde Pilcher", "Das Traumschiff" an "Die Bergretter" matgespillt. 2025 war hien och Deel vum Ensembel vun der däitscher Serie "Cooking Academy", an där hien de Julian Frey spillt.
Dës Karriär wëll hien och mat senger neier Aufgab net opginn. Den Tommy well also weider virun der Kamera stoen a parallel seng nei Missioun beim Télévie erfëllen.

Eng nei Ekipp fir den Télévie

Mam Wiessel un der Spëtzt geet och eng Ära op en Enn. Den Tommy Schlesser iwwerhëlt d'Nofolleg vum Diane Wunsch, dat den Télévie iwwer vill Jore koordinéiert a gepräägt huet.

Déi nächst grouss Etapp: Abrëll 2027

Fir den Tommy Schlesser huet domat eng Aarbecht ugefaangen, déi wäit virum eigentlechen Télévie-Dag ufänkt. Iwwer Méint ginn am ganze Land Aktioune virbereet an organiséiert.
Den nächsten Héichpunkt steet och scho fest: De groussen Télévie-Ofschloss ass de 17. Abrëll 2027.

Bis dohinner huet den Tommy Schlesser also eng ganz aner Zort Haaptroll. Eng, bei där et dës Kéier net ëm Aschaltquoten oder déi perfekt Zeen geet, mee dorëms, esou vill Leit wéi méiglech fir eng gemeinsam Saach ze mobiliséieren: d'Fuerschung géint Kriibs a Leukemie.

Back to Top
CIM LOGO