"Politik & Pasta" – Episod 3 mam David Wagner"Et geschéien vill Accidenter, mä ech ginn net no a probéieren, bis et geet"

Isabelle Henschen
Siwe verschidde Spëtzekandidaten erlaben eis en Abléck an hir Kichen a preparéieren hire Liblingsnuddelsplat.
"Et geschéien vill Accidenter, mee ech ginn net no a probéieren bis et geet"
Dat seet de Kandidat a fréieren Deputéierte vun “Déi Lénk” an eiser Emissioun “Politik a Pasta”.

Den David Wagner vun der Partei Déi Lénk, preparéiert “Pâtes au pistou”. E Plat, deen hie vu senger Mamm geléiert huet kachen, an ëmmer erëm gär zoubereet.

Am Interview mam Isabelle Henschen gi mer gewuer, wat hien an der Zäit gemaach huet, wou hien net méi Deputéierte war, wat fir Bicher hien a senger Fräizäit liest a wat bei him ëmmer am Frigo ze fannen ass. Op d’Fro “Wat däerf dann an ärem Frigo net feelen?” huet den David Wagner geäntwert “tatsächlech Kachkéis”.

Kuckt all d’Episode vu “Politik a Pasta” op RTL Play

Back to Top
CIM LOGO