Kniddelen a Koalitioun: "Haaptsaach gréng dran, Haaptsaach gréng Politik"
Siwe verschidde Spëtzekandidaten erlaben eis en Abléck an hir Kichen a preparéieren hire Liblingsnuddelsplat.
Als Lëtzebuergesch Nuddel gëtt et bei dëser Episod vu Politik & Pasta Kniddelen, an dat bei der aktueller Justiz- a Kulturministesch Sam Tanson doheem an der Kichen. An d'Kniddele ware gefierft, gréng natierlech.
D'Madamm Tanson huet de Kamerae vun RTL hir Dieren opgemaach, fir ze weisen, wéi Si hannert dem Dëppe steet. Een Exercice, deen hir net ganz einfach gefall ass: Kachen mécht Si zwar ganz gären, "mä dat gefilmt ginn dobäi, muss net sinn".
E bëssche Privates awer och iwwer Politik ass wärend dem Kache geschwat ginn. Esou gëtt ee gewuer, wat géing geschéien, wa si éiere Premier oder Vize-Premierministesch géing ginn, awer och, wat de léifste Plat ass an déi schéinste Momenter, déi am Häerz vum Haus Tanson, der Kichen also, erlieft gi sinn.