Gutt preparéiert ze sinn an d’Dossieren ze kennen, ass wichteg
Siwe verschidde Spëtzekandidaten erlaben eis en Abléck an hir Kichen a preparéieren hire Liblingsnuddelsplat.
D'Mamm vun zwee Kanner ass gewinnt, an der Kichen ze stoen a mécht dat och richteg gären. E japanesche Plat kache mir dës Woch mat eiser Finanzministesch. Fir eis Kachemissioun huet d'DP-Politikerin sech eppes Spezielles afale gelooss, si presentéiert eis nämlech e Plat, mat deem si grouss ginn ass. A Japan koum si op d'Welt an huet vu Kand un op immens gäre Sobas-Nuddele giess.
Am Gespréich mam Loïc Juchem geet d'Diplomatin awer och drop an, wisou et si ëmmer nees op Lëtzebuerg gezunn huet a wisou si net soss iergendwou op der Welt lieft. Am Januar 2022 ass si an d'Regierung komm a gouf déi éischt Finanzministesch vu Lëtzebuerg, vun dem Moment un huet hiert Liewe sech changéiert. Si war ëmmer gewinnt, vill ze schaffen, als Ministesch wier et awer nach emol eng aner Hausnummer.
Am Interview gëtt d'Politikerin awer och zou, datt déi lescht Woche virun de Wale richteg stresseg an opreegend sinn. Si kéint dacks net gutt schlofen a wier och immens opgereegt. Ëm hir perséinlech Zukunft mécht si sech awer keng Suergen, hir geet et drëms, datt d'Land a gudden Hänn ass an dofir wieren d'Walen am Oktober immens wichteg.