Goodyear ass ee vun de gréisste Pneuefabrikante vun der Welt mam Haaptsiège zu Akron an den USA.

Ganzer 71.000 Leit schaffen a 55 Fabricke weltwäit an dat an 22 Länner, dorënner och Lëtzebuerg zu Colmar-Bierg. En Dënschdeg war déi offiziell Aweiung vun hirem neie Simulator. Hannert dësem Simulator stécht déi neisten High Tech, déi een den Ament um Maart fënnt.

Op deen éischte Bléck ass et déi gréisste Playstation vun der Welt. Esou géifen d'Gamer ënnert ons dëst Meeschterstéck beschreiwen, ma et handelt sech ëm déi neisten Innovatioun a punkto Simulator, wat et den Ament gëtt. De Romain Hansen, dee sech mat ëm d'Entwécklung vu Camion-, Auto- a Motorradpneue këmmert, erkläert eis, wat se genee mat dësem Simulator simuléieren. Unhand vum Simulator ginn Date gesammelt, déi et hinnen erméiglechen, de Pneu am Viraus op de spezifeschen Auto unzepassen. Virdru goufe Prototyppe produzéiert an unhand vum Feedback vum Verbraucher, de Pneu verbessert an ugepasst.

Hei goufe wäit Strecke zeréckgeluecht a vill ze vill produzéiert, wat net gebraucht gouf. Mam Simulator kënne se méi effizient wäit am Viraus produzéieren, andeems se all Krittären erfëllen, déi néideg sinn, fir sécher op der Strooss ze fueren.

Vun elo u gëtt just nach mam Modell vum Auto, de Pneuen oder der Friktioun an deem Circuit, déi alles eragescannt goufen, virtuell geschafft. Dobäi kommen nach d'Impressiounen, déi den Testpilot gesammelt huet. Domadder kréie se bei Goodyear e Resultat, mat deem ee méi ökologesch en effizient produzéiere kann. Dëst ass eng Innovatioun fir ee vun deene gréisste Pneueproduzenten vun der Welt.