Et kléngt eigentlech wéi eng Saach vun der Onméiglechkeet: d’Première mat enger 60 ofzeschléissen.

Et ass ee grousse Liewensofschnëtt, deen op en Enn geet, fir all d’Primaner, déi hir Exame lo hannert sech hunn. Och fir dat 19 Joer jonkt Nina Bernier, wat déi lescht Joren an den LGL um Lampertsbierg gaangen ass. "Ech realiséieren et nach net ganz, well ech war lo siwe Joer hei an dat ass scho vill", esou d’Nina, “an och well ech mir net wierklech virstelle kann, wéi déi nächst Rentrée wäert ausgesinn."

D’Nina verléisst de Lycée net just mam Diplom an der Täsch, mee och mam Titel vun der beschter Schülerin vum Land. An dat mat der maximaler Schluss-Nott vu 60 Punkten.

"Ech mengen dat Bescht ze sinn, war mir lo net wierklech wichteg. Ech wollt nëmmen MÄI Bescht maachen. An do sinn ech wierklech frou, dass ech dat och erreecht hunn. Mee et huet een ëmmer d’Impressioun, dass ee kéint nach méi schaffen."

Ganz vill Sputt no uewe wier awer net bliwwen. Dat verréit ee Bléck an dem Nina säin Diplom. Hatt war op enger Sektioun C. Bio, Chimie a Latäin si seng absolut Liblingsfächer. Dobäi ass et net onbedéngt d’Léieren u sech, wat him géing Spaass maachen, mee nei Saache bäizeléieren. Dofir beschreift d’Nina sech éischter als passionéiert an net als éiergäizeg. A mat genee sou vill Freed mécht hatt och Musek. Piano a Braatsch spillt d’Nina a senger Fräizäit.

"Musek hëlleft mir och, mäin Alldag ze strukturéieren. Et ass och eng kleng Paus iergendwéi, well ech kann dann un näischt denken an nëmme Musek maachen. Wann ech Piano spillen, loossen ech meng Gedanken einfach schwäifen an da kommen oft nei Iddien."

Säin Tipp fir d’Examen: dat ganzt Joer iwwer gutt léieren a prett si fir d’Prüfungen, da muss ee just nach d’Matière opfrëschen. Ma wie geduecht huet, dass d’Nina sech elo ausrout: fir d’éischt stinn nach zwou Science Olympiaden um Programm. An der Physik a Georgien, a Chimie a Saudi Arabien. An am September waart dann een neien Challenge op d’Nina: de Studium an der Schwäiz, an den interdisziplinären Naturwëssenschaften. "Ech freeë mech wierklech, fir nei Saachen ze léieren", seet d’Nina, wat a senger Fräizäit och mol gär al-griichesch Texter liest.

Wéi seng Zukunft soll ausgesinn, weess d’Nina och schonn: hatt wéilt am léifsten an der Bio-Chimie fuerschen, a Proff op der Uni ginn.