Spannenden Challenge
Op der Sich nom éischte Meteorit vu Lëtzebuerg
Mir hu Mataarbechter vum Naturmusée begleet, wéi si sech zu Jonglënster op d'Sich no ausserierdeschem Gestengs gemaach hunn.
Op den den éischte Bléck kléngt et wéi eng "Mission impossible". Zwee Mataarbechter aus dem Naturmusée wëllen hei am Land e Meteorit fannen. An dës Decouverte och a Bild an Toun festhalen. Anscheinend fënnt een där Meteoritten iwwerall am Land. Firwat d’Sich nawell net esou einfach ass? Mir hu si op engem Daach zu Jonglënster a bei de Mikroskop am Naturmusée begleet an eng iwwerraschend Decouverte gemaach.
Am meeschte gelies