Guillaume Becker: "De Beruff vum Taxidermist schockéiert vill Leit"
Déieren traitéieren, dass se konservéiert kënne ginn: Taxidermie ass näischt fir schwaach Nerven mä essentiel fir d’Dokumentatioun vun der Biodiversitéit.
“Taxidermie”, dat Wuert kënnt aus dem griicheschen a setzt sech aus “taxi” an “derma” zesummen, wat iwwersat esouvill heescht, wéi “placéiere vun der Haut”. En Taxidermist - och nach Präparator genannt - schafft dacks fir Muséeën. Seng Aufgab ass et, Déieren op laang Dauer haltbar ze maachen, fir sou d’Biodiversitéit dokumentéieren ze kënnen.
De Guillaume Becker ass zanter ronn 15 Joer professionellen Taxidermist a schafft mëttlerweil fest fir den Natur Musée. Säi Wëssen iwwert d’Taxidermie huet hien zum Deel aus Bicher, e Gros huet hien awer bei sengem Papp geléiert, dee selwer als Präparator geschafft huet. Richteg Schoulen, un deenen een Taxidermie léiert, géif et an Europa keng an allgemeng géif de Beruff just vu relativ wéineg Leit praktizéiert. Zu Lëtzebuerg wier hien den eenzege professionellen Taxidermist, erkläert de Guillaume.
“Quand je rencontre des gens que je ne connais pas et auxquels je présente mon métier, les réactions sont quand-même assez diverses. J’ai beaucoup de réactions un peu choquées, mais il faut de tout pour faire un monde. Certains métiers, moi je ne pourrais pas les faire. Je ne pourrais pas être assis à un bureau devant un ordinateur toute la journée.” sou de Guillaume Becker.