Do konnten déi Jonk der Ministesch Martine Deprez hir Froe stellen. Wéi kéint ee Problemer mat der mentaler Gesondheet reduzéieren a wat fir Mesurë gi geholl, fir dësem entgéint ze wierken?
D’Grënn sinn divers - ob Mobbing, Schoulstress oder familiär Problemer - ee vu siwe Jonker ass elo scho mental erkrankt. En interessanten Echange tëschent deene jonken Ambassadeuren an der Gesondheetsministesch deemno.