Et ware Biller, déi ronderëm d'Welt gaange sinn. De Poopst huet an engem klenge Bistro an der Stad ganz spontan en Espresso gedronk.

Et war eng Visitt, déi d’Joer 2024 markéiert huet. De Poopst François war am September d’lescht Joer fir puer Stonnen am Grand-Duché! A senger Mëttespaus sollt eigentlech Zäit fir eng Siesta sinn. Du goung et awer relativ séier an de Poopst wollt en Espresso drénken. Op eemol stoung en dunn an engem Café.

Nach haut schwätzen d’Gäscht iwwert dësen Espresso an de Besëtzer no war et och e richteg gudde Marketing-Coup. Et huet ee T-Shirte maache gelooss an déi wieren och relativ vill verkaf ginn. Et ware Biller, déi ronderëm d’Welt gaange sinn an a ville Medien ass d’Geschicht opgegraff ginn. De Pontifex hat Loscht op en Espresso, a well dëse Café am Sécherheetsperimeter louch, ass en an dësen Etablissement komm. D’Gäscht, déi deen Ament sur place waren, kruten dunn och e klenge Kaddo vum Poopst.

Nach haut schwätzt een am Café iwwert dësen Ament a vill Leit wëssen, datt hie genee do säin Espresso gedronk huet. Dem Gerant no kommen haut nach Leit, déi da soen, se wéilte genau dat selwecht Gedrénks wie de Poopst a se wéilten och d’Taass vun him gesinn oder kafen. Fir dat ze verhënneren, haten d’Autoritéiten déi Taass awer matgeholl. Vun offizieller Säit also vum Vatikan huet een nom Passage am Café awer näischt méi héieren.