Los Angeles
A$AP Rocky net schëlleg gesprach an Affär vun arméiertem Iwwerfall

© AFP
Den US-Rapper ass viru Geriicht zu LA net fir schëlleg fonnt ginn, mat senger Waff op ee fréiere Frënd geschoss ze hunn.
De Rapper, deen eigentlech Rakim Mayers heescht, huet bis zu 24 Joer Prisong riskéiert.
Am November 2021 soll de Grammy-nominéierte Museker an der Strooss zu Hollywood op den Terell Ephron geschoss hunn. D'Affer gouf un der Hand verwonnt.
Den A$AP Rocky, deen och Partner vum Rihanna ass, hat d'Uklo zréckgewisen, well d'Waff just eng Attrapp wier a säi fréiere Frënd just u Geld interesséiert wier.
Wéi hie säi Fräisproch krut, hat de Rapper Tréinen an de Aen an huet dem Jury vum Prozess Merci gesot, fir "säi Liewe gerett ze hunn".

Am meeschte gelies