Zu Lëtzebuerg ass Abrëll dëst Joer den Ouschter-Mount, mä a China ass den Haaptfeierdag dëse Mount de Qingming Festival.

Korrespondenz vu Shanghai / Anne Wang

Do lafe keng Kanéngercher mat Eeër iwwert d’Wiss, dofir ginn awer Sue verbrannt. Eis Korrespondentin Anne Wang erlieft de Feierdag zu Shanghai.

Dëse Weekend ass e wichtege Feierdag fir all chineesesch Famillen. An dat net nëmmen hei a China. A ganz Asien kommen iwwer dräi Deeg Famillen aus alle Regiounen a Provënzen zesummen a reesen alt e ganzen Dag fir doheem ze sinn. Um Qingming Jie, oder op Englesch "Tomb-Sweeping Day", geet et essentiel genee dorëms: sech em d’Famille-Griewer ze këmmeren – wéi Allerhellegen also. An dat dauert gutt a gäre mol e ganzen Dag.

Déi ganz Famill versammelt sech a pilgert zesumme bei d’Griewer. Nodeems se propper gemaach goufen, ginn net wéi bei eis Blummen op d’Graf gestallt, mee et gëtt mat Feier zelebréiert.

Dem chineesesche Glawen no brauche Verstuerwener och weiderhi Materielles, wéi Suen, Iessen a Gedrénks. Dofir verbrennen d’Famillen op de Griewer genee déi Saachen, déi se hire Léifste wëlle mat an d’Éiwegkeet ginn. Well Een awer keng richteg Sue verbrennen, ginn einfach Pabeiers-Kopie amplaz geholl.

Entretemps ginn ëmmer méi kreativ Modeller verbrannt, fir dass et de Verstuerwen u näischt soll feelen: Pabeier-Autoen, -Handyen, a souguer -Haiser gesäit een ëmmer méi dacks op de Kierfechter.

Fir sécher ze goen, dass déi Doudeg och gesond bleiwen, ginn nach frëscht Uebst, Medikamenter a Vitaminn-Pëllen um Graf hannerlooss. An engem soss hekteschen a moderne Liewen ass Qingming eng schéin Traditioun, fir u seng Léifst ze erënneren.