Eng Kéier op de Mound, an zwar mam Vëlo: dat ass d’Zil, dat ee sech bei der Initiativ "Gogovelo" gesat huet.

“Ride me to the moon”, heescht déi aktuell Missioun. De leschten Hierscht war schonn eng Kéier esou eng Campagne an do ass et ronderëm d’Äerd gaangen. Et ass eng Initiativ vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg a ProVelo mat der Ënnerstëtzung vum Transportministère.

Iwwert ee Mound huet ee sech elo d’Zäit ginn, fir 384.400 Kilometer um Vëlo ze sammelen. Also wéi wann een eng Kéier op de Mound géif fueren. Jidderee ka matmaachen an och all Vëlosmodell ass erlaabt - wat zielt sinn d’Kilometeren.  
Nieft dem symboleschen Zil, op de Mound geet ze fueren, et dorëms, d’Leit ze motivéieren, mam Vëlo ze fueren.

“D’Zil ass et einfach, esou vill wéi méiglech Leit, och jonk Leit, am Alldag dozou ze kréien, de Vëlo ze huelen. Egal op een elo an d’Schoul, op d’Schaff oder den Training fiert, dass een de Vëlo nees als Transportmëttel vum Alldag etabléiert”, erkläert de Paul Polfer vum Klima-Bündnis.

Hie mécht och selwer bei der Challenge mat. Dofir zeechent hie seng Faarte mat enger spezieller App op. Déi muss ee sech eroflueden, fir kënne matzemaachen. Déi start een dann all Kéiers, wann ee mam Vëlo lassfiert. Wann een ukomm ass, stoppt een d’App erëm. All Kilometer kënnt dann op ee gemeinsame Compteur. Iwwer 1.000 Leit sinn aktuell ageschriwwen. Nieft der Haaptchallenge - also d’Rees op de Mound - ginn et och lauter kleng Ziler, fir déi eenzel Participanten. Fir all Zil, dat een erreecht huet, kann een um Enn vun der Challenge bei enger Verlousung verschidde Präisser gewannen.

Méi Informatiounen iwwert d’Challenge fannt Dir hei.

Parallel dozou leeft och ee Concours tëscht de Lycéeën an der Uni Lëtzebuerg. All Vëlosfuerer kann och fir eng Schoul fueren an am Numm dovunner Kilometere sammelen. Déi meeschte Participante mat ronn 200 ageschriwwene Schülerinnen huet d’Ecole privé St. Anne zu Ettelbréck. Eng Schülerin, déi bei “Ride me to the moon” matmécht, ass d’Iva. Hatt ass iwwer seng Proff dozou komm matzefueren: “Wat mech motivéiert huet ass, dass mir eng cool Sportsproff hunn, a dass mir mat eise Matschülerinne kënne fueren an net ëmmer doheem eleng musse fueren.” 

Wärend de Sportsstonnen gëtt nämlech och heiansdo de Vëlo erausgeholl. D’Schoul stellt och Vëloen zur Verfügung, well net all Schülerinnen hunn hir eege Vëloen doheem. Op 7ième gëtt et ee Vëlosdag fir jiddereen. Ëmmer nees sinn och Schülerinnen dobäi, déi kee Vëlo fuere kënnen an et dann an der Schoul léieren.

D’Challenge leeft nach bis den 31. Mee. Eng nächst Campagne am Hierscht ass och schonn ugeduecht.