Digitaliséierung an Zesummenaarbecht mat Japan am Fokus
Op der Weltausstellung zu Osaka huet d’Ministesch fir Digitaliséierung Stéphanie Obertin eng Visitt am Pavillon vun der japanescher Firma NTT gemaach.
Dës huet och scho méi wéi drësseg Joer eng Presenz zu Lëtzebuerg. D'Visitt war Deel vun enger méi breeder Wirtschaftsmissioun, déi am Zeeche vun Innovatioun an dem internationalen Austausch stoung.
Nei Technologien entdecken, Know-how deelen
"Mir sinn ee vun deenen dräi grousse Player am ICT-Secteur zu Lëtzebuerg“, esou de Michael Mossal vun NTT.
"Mir hunn 250 Mataarbechter an hunn zanter 2019 et fäerdegbruecht, datt NTT eng Aart Innovation Lab fir Lëtzebuerg ginn ass, praktesch fir ganz Europa.“
D’Weltausstellung bitt eng ideal Plattform, fir nei Technologien ze entdecken an internationale Know-how ze deelen. D’Ministesch huet sech besonnesch beandrockt gewisen. Nei Technologië géifen hei ganz detailléiert erkläert ginn. Dat wier immens wichteg, well ee versiche géif, gutt Iddien ze sammelen an ze kucken, wéi ee se zu Lëtzebuerg kéint notzen, esou d Stéphanie Obertin.
Een Haaptfokus vun NTT zu Lëtzebuerg läit op sougenannten Data Spaces, also op der Späicherung, dem Austausch an der Regulatioun vun Donnéeën am Kader vun europäesche Richtlinnen. Donieft spillt kënschtlech Intelligenz eng ëmmer méi grouss Roll.
D’Zesummekommen a Gespréicher mat japanesche Partner solle besonnesch dozou bäidroen, weider Investissementer vu Japan, an iwwer NTT, op Lëtzebuerg ze zéien.
Fuerschung an Austausch mat Studenten
Nieft der Visitt zu Osaka war d'Delegatioun och déi éischt Deeg an der japanescher Haaptstad Tokio ënnerwee. D’Ministesch beschreift d’Erfarung esou: „Mir hu mat japanesche Fuerschungsinstituter an och mat der Uni Sofia iwwert eng Zesummenaarbecht geschwat."
En Austausch mat Studenten a Fuerscher wier wichteg, fir d’Verstäerkung vum Héichschoulberäich an d'Entwécklung vun neie Léierméiglechkeeten.
D’Weltexpo 2025 zu Osaka leeft nach bis den 13. Oktober.