Wéi d'US-Portal TMZ fir d'éischt gemellt huet, ass den Hulk Hogan, deen an den 80er Joren an der Wrestling-Welt bekannt gouf, en Donneschdeg gestuerwen.

D'WWE-Ikon war 71 Joer al. D'lokal Autoritéiten hu matgedeelt, d'Rettungsdéngschter wieren an de fréie Moiesstonne wéinst engem Häerzstëllstand an d'Haus vum Hulk Hogan a Florida geruff ginn. Eng sëllege Policeween a Secouristen hätte virum Hogan sengem Haus zu Clearwater gestanen. Hie wier dunn an d'Spidol bruecht ginn, wou awer just nach säin Doud hätt kënne festgestallt ginn.

Dem Hulk Hogan säi Manager Chris Volo huet der Chaine NBC Los Angeles déi traureg Nouvelle confirméiert. De Wrestling-Star wier am Krees vu senger Famill a sengem Haus zu Clearwater, Florida, gestuerwen. Och déi lokal Police an d'Wrestling-Organisatioun WWE hu säin Doud bestätegt.

Virun e puer Woche ware Gerüchter ronderëmgaangen, den Hulk Hogan am Koma géif leien, wat seng Fra Sky awer dementéiert huet. Am Mee war de fréiere Wrestler um Halswirbel operéiert ginn.

Den Hulk Hogan gouf den 11. August 1953 zu Augusta, Georgia als Terrence "Terry" Gene Bollea gebuer. Enn der 70er Joren huet hie säi Wrestling-Debüt ënnert dem Numm Terry „The Hulk“ Boulder ginn, an huet sech séier een Numm gemaach.

Nieft senger Wrestling-Karriär war den Hulk Hogan och ee bekannte Reality-TV-Star a Schauspiller. Hie war ënner anerem zesumme mat senger Famill an der Serie "Hogan Knows Best" ze gesinn an och am Sylvester Stallone sengem Film Rocky III hat hien een Optrëtt.

Den Hulk Hogan gouf 2005 an d'"WWE Hall of Fame" opgeholl, ma hie gouf 10 Joer drop nees ausgeschloss, well hien an enger verstoppter Audio-Opnam rassistesch Äusserunge gemaach hat. 2021 gouf hien als Member vun der nWo nees an d'Hall of Fame opgeholl.

2024 huet hien de Republikaner Donald Trump an de Walen ënnerstëtzt an ass ënnert anerem och op der Republican National Convention opgetrueden.

RTL

© AFP/ANDREW CABALLERO-REYNOLDS