E Fësch, deen aus der Loft vun engem Fëschaadler op eng Héichspannungsleitung fale gelooss gouf, soll a Kanada e Feier ausgeléist hunn.

D'Pompjeeë vun Ashcroft, British Columbia, goufen den 30. Juli fir e staarke Brand ronn 6km südlech vun der Stad geruff. Eng séier Enquête huet dobäi déi kuriéis Ursaach vun de Flamen ermëttelt: e Fësch.

"Jo, Dir hutt richteg gelies – de Fësch hat eng onheemlech Rees hannert sech", hunn d'Pompjeeë spéider op Facebook geschriwwen.

Deen nooste Floss läit 3km ewech, mee d'Enquêteure ginn dovun aus, datt de Fësch vun engem Fëschaadler gefaange gouf, deen en dunn an der Mëtt vum Fluch op eng Héichspannungsleitung fale gelooss huet. D'Fonken, déi doduerch entstane sinn, sollen dunn dat dréchent Gras a Brand gesat hunn. D'Departement spekuléiert, de Vull kéint wéinst der Hëtzt midd gi sinn a säi Fang dofir verluer hunn.

RTL

© Handout / Ashcroft Fire Rescue / AF

"E weidere Verdacht ass, datt e vläicht genuch vu réiem Fësch hat an duerfir gebrode probéiere wollt", huet d'Departement mat Humor geschriwwen.

De Fësch war nom Virfall staark verbrannt, mee d'Pompjeeën hu gemellt, datt de Fëschaadler net blesséiert gouf. De Brand selwer konnt ouni weider Problemer geläscht ginn.