Bouf op der Tankstell vergiess
Eng Famill aus Baden-Württemberg huet um Wee an Éisträich net gemierkt, dass no enger Tankpaus eent vun hire Kanner géing feelen.
Op der A8 bei Holzkirchen a Bayern huet d'Famill musse stoe bleiwe fir ze tanken. Ee vun hire Bouwen huet vum Stopp profitéiert, fir op d'Dëppchen ze goen. Wéi en zréck koum, ware seng Elteren awer scho weidergefuer. Hinne war net opgefall, dass de Jong net hannendra war. Do souz just säi Brudder, deen déif geschlof huet.
Réischt no enger hallwer Stonn ass den Elteren opgefall, dass eent vun hire Kanner géing feelen. Direkt hu si der Police ugeruff, an déi konnt och direkt Entwarnung ginn. Hiren 10 Joer ale Bouf hat e Mataarbechter vun der Tankstell ëm Hëllef gefrot, deen dunn d'Police alarméiert hat. De Bouf hat mam Policeauto dierfe mat op der Büro fueren, wou seng Elteren hien du wéineg spéider ewechhuele konnten. Iwwert hir an dem Jong seng Reaktioun ass näischt bekannt ginn.