Déi dräi Verdächteg, déi aus engem net-preziséierten asiatesche Land kommen, sollen "en immens seelene pinken Diamant" geklaut hunn.

De Wäert vun dësem soll bei 25 Milliounen Dollar, ëmgerechent eng 22,2 Milliounen Euro leien. Wéi et vun der staatlecher Noriichtenagence vun den Emirater heescht, déi sech op Policeinformatioune bezitt, huet d'Band en Diamantenhändler aus Europa an eng Villa gelackelt an den Diamant do geklaut. Den Händler hat de Bijou aus Europa op Dubai bruecht, hie war dovunner ausgaangen, sech mat engem räichen, potenzielle Client ze treffen.

D'Déiwe konnte bannent 8 Stonnen ermëttelt ginn, bei den Ermëttlunge sollen och modern Technologien op Basis vu Kënschtlecher Intelligenz komm sinn, heescht et weider.