Zäit um Smartphone soll limitéiert ginn

© Malte Ossowski/SVEN SIMON / SVEN SIMON / dpa Picture-Alliance via AFP
Déi japanesch Stad huet virgeschloen, dass all Awunner, baussent der Schoul oder der Aarbecht, héchstens nach zwou Stonnen um Handy soll sinn.
Exzessive Gebrauch an ze vill Zäit virun engem Ecran, wat zu physeschen a psychesche Problemer féiere kann, sollen ënnerbonne ginn. De Buergermeeschter vun der Stad Toyoake huet sech fir esou eng Limitt ausgeschwat. Gläichzäiteg huet hien awer preziséiert, dass keng rechtlech Konsequenzen ze fäerte sinn, sollt een trotzdeem méi wéi déi gefuerdert zwou Stonnen um Handy sinn.
D'Propos stéisst op Kritik. Natierlech och an de soziale Medien. Zwou Stonne géingen net duergoen, fir e Buch online ze liesen oder e Film ze kucken, houscht et zum Beispill. D'Intentioun wier gutt, awer net realistesch. Anerer fuerderen, dass dat eng Decisioun bannent de Famille misst sinn.
Nieft der fräiwëlleger Beschränkung gi Schüler opgeruff, no 21 Auer d'Apparater op der Säit ze loossen. Fir Studente gëtt eng Limitt bei 22 Auer recommandéiert. D'nächst Woch soll d'Propos gestëmmt ginn, an dann am Oktober a Kraaft trieden.
2020 war an der westlecher Regioun Kagawa eng änlech Limitt agefouert ginn, fir d'Zäit vun de Kanner beim Gaming ze limitéieren. Déi japanesch Jugendlech sinn an der Moyenne 5 Stonnen den Dag online.