Ronn eng hallef Stonn laang war et an der weltberüümter Hal däischter. Dausende Leit hu sech hire Wee mat der Luucht vun hirem Smartphone musse sichen.

En Donneschdeg Owend géint 20.30 Auer lokaler Zäit waren an de meeschten Deeler vun der bekannter Gare, déi weltwäit déi meeschte Gleiser huet, d'Luuchten ausgaangen. Grond wiere Schwankungen an der Stroumversuergung gewiescht, sou déi zoustänneg Autoritéiten.

Den Trafic op de 67 Linne war net vun där Pann betraff an no enger hallwer Stonn war de Stroum dunn och iwwerall am grousse Gebai rëm do. Fënnef Mataarbechter vum Metro-Service ware fir kuerz Zäit an engem Lift agespaart, wéi dëse wéinst dem Stroumausfall hänke bliwwe war.

Dausende Leit hu sech wéinst der Pann hire Wee mat Hëllef vun der Täscheluucht un hirem Smartphone gesicht. Blesséiert gouf kee bei dësem ongewéinleche Virfall.