LëtzFrance bréngt Communautéiten zesummen
E Samschdeg gouf déi éischten Editioun vu LëtzFrance gefeiert. Dat ass dee grousse Rendez-vous fir Fransousen, Francophonen a Frënn vun der franséischer Kultur.
Am Lycée Vauban konnt een de ganzen Dag iwwer verschidde Stänn entdecken a sech bei franséischem Iessen an engem Glas Wäin ënnereneen austauschen. Mat LëtzFrance gouf nees eng Kéier däitlech, wéi vill Fransousen zu Lëtzebuerg doheem sinn, oder op d'mannst um soziale Liewen deelhuelen. Si bilden e wichtege Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an dat wëll ee mat LëtzFrance zelebréieren, seet d’Alexandra Renault vu Luxembourg Acceuil.
"C'était une demande de l’ambassade, qui avait envie d'organiser une foire aux associations. Quand on voit la richesse et la multiplicité de la population française, on c'est dit qu'on pouvait pousser un peut le mur et aller au delà de la et faire un vrait portrait de la population française au luxembourg."
Vun Iessstänn mat franséischem Kéis an Ham a Wäin, iwwer déi offiziell Stänn, bis hin zu enger Rei Entreprisen, déi vu Fransouse gegrënnt goufen, war déi ganz Diversitéit vun der franséischer Kultur e Samschdeg vertrueden.
Et ass awer och en Evenement, wat sech awer net nëmmen u Fransousen riicht. Jiddereen, dee sech fir déi franséisch Kultur interesséiert, war invitéiert, LëtzFrance ze entdecken. Et wier ëmmerhin en Zesummeliewen an net einfach zwou getrennte Communautéiten, déi am nämmlechte Land liewen.
Et erhofft ee sech och LëtzFrance iwwer déi kommend Joren an e feste Rendez-vous ze verwandelen.