D'Maschinne lafen zwar op Héichtouren, d'Ambiance an der Fabrik zu Colmer-Bierg ass awer an der Nuecht méi entspaant wéi am Dag. Dat versécheren d'Dina an de Nelson eiser RTL-Ekipp wärend hirer Nuetsschicht.
D'Produktioun géif eigentlech wéi am Dag lafen. Et wieren awer manner Leit an den Halen ënnerwee – virun allem administrativ Mataarbechter, oder och déi vun der Expeditioun.
"Ech hunn als Chef d'Ekipp nuets méi Zäit, fir bei de Leit ze sinn, mat hinnen ze schwätzen an ze kucken, wat klappt an net klappt, an dat ass gutt", erkläert de 49 Joer alen Nelson Vieira, deen zënter 27 Joer am Betrib schafft.
Och d'Dina Ferreira huet d'Nuetsschicht am léifsten: "Dat, well ech da manner Stau hu fir op d'Aarbecht, an am Dag einfach Zäit hu fir aner Saachen, wéi akafe goen zum Beispill."
Déi jonk Fra ass Zerspanungsmechanikerin a schafft zënter aacht Joer am Mold-Plant-Wierk zu Colmer-Bierg.
Zanter 75 Joer ass Goodyear am Grand-Duché aktiv, dat mat ronn 3.400 Mataarbechter, verdeelt op dräi Sitten: Colmer-Bierg, Biissen an Diddeleng. D'Firma ass weltwäit bekannt fir hir Pneuen.
Ma an engem vun de Wierker zu Colmer-Bierg stellen d'Mataarbechter awer och déi entspriechend Metallformen hier, déi fir d'Produktioun vun de Pneuen néideg sinn. A genau déi Produktioun ware sech d'Rosa Clemente an de Ken Fitzke am neien Episod vun der Serie Nuetsschicht ukucken.
Esou wéi dem Dina Ferreira an dem Nelson Vieira seng Aarbecht begleet RTL reegelméisseg aner Leit mat der Kamera, déi eréischt aus dem Haus ginn, wann anerer schonn hire Feierowend genéissen. Hei fannt dir all d'Episoden.